top of page
bb_header3.png
bug800.png
bblogo800px.jpg

Abrëll - Mee 2025

De Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit (MECB) organiséiert dëst Joer, a Kollaboratioun mat senge Partner-Organisatiounen, déi véiert Editioun vun de „B&B Action Weeks“, den Aktiounswoche ronderëm bestëbsend Insekten. Dës Aktiounswoche schreiwen sech an den Enn 2021 vun der Regierung verëffentlechten nationalen Aktiounsplang fir bestëbsend Insekten an, a bidden eng optimal Geleeënheet, bei Excursiounen a Workshops déi faszinéierend Welt vun de bestëbsenden Insekten ze entdecken. Doriwwer eraus gëtt ee gewuer, wéi mer eis Bestëbser schützen a fërdere kennen.

 

Dëst Joer wäert de Fokus erëm op de Projeten vun de Partner-Organisatiounen leien. Dës Projeten ginn iwwert den Ëmweltschutzfong vum MECB gefërdert. Et handelt sech em Projeten déi am Kader vun den 2024 an 2025 initiéierten Ausschreiwungen „Bestëbser“ agereecht goufen, sou wéi dem Groussprojet an eisen Naturparken.

Dës véiert Editioun steet am Zeeche vun der Zesummenaarbecht tëschent de B&B Action Weeks an der LUGA, souwéi der Presentatioun vu Guiden an aner Materiaien déi am Kader vum nationale Aktiounsplang ausgeschafft goufen.

bb6 copy.png
bb3.png
pimpampel800.png


einfach Aktioune fir d'Bestëbser

Jidderee kann déi eng oder aner Klengegkeet fir d'Bestëbserinsekte maachen. Hei drënner fannt Dir fënnef einfach Aktiounen déi Dir direkt ëmsetze kënnt.

276136388_1595996907441379_4688617224144985298_n.png
action 1

Planzt méi Blummen,

Sträich a Beem

 

Planzt méi Blummen, Sträich a Beem, fir d‘ganzt Joer iwwer Nektar a Pollen als Fudder fir Beien an aner Bestëbser unzebidden. Zum Beispill Weeden, Primmelen a Krokussen am Fréijoer; Lavendel, Wise-Stuerkeschniewel a Margréidercher am Summer; Wantergréng a Borretsch am Hierscht, oder Moukeprabbeli (Petasites) a Chrëschtrous (Helleborus) am Wanter.

 

Mir brauchen einfach méi Pollen- an Nektar-räich Planzen an eise Gäert, op de Balconen, op de Bauerenhäff an an der Landschaft ronderëm eis Haiser an an eise Stied a Gemengen.

action 2

Loosst e wéineg Plaz fir déi méi wëll Natur

Loosst op e puer Plazen Brennnesselen a Pissblumme wuessen, fir weider Fudderquellen (z. B. Blieder fir d‘Raupen) a Brutplaze fir Päiperléken ze schafen.

Als Landbewirtschafter a private Gäertner kënnt dir einfach Schrëtt ënnerhuelen, fir är Flächen, Gréngflächen a Gäert esou ze bewirtschaften, datt Fudderquellen an/oder Brutplaze fir Bestëbserinsekten ze fanne sinn. 

Méint äre Wues manner oft, fir datt d’Planze bléie kënnen. Méint en Deel just 2 Mol am Joer (Enn Juni an am Wanter), sou entsteet ouni Opwand an Aarbecht mat der Zäit eng Wëllblummewiss.

 

Bléieplanzen vun heiheem am Wues, op de Ränner vun de Felder, um Randsträifen oder an enger geséinter Wëllblummewiss ënnerstëtzen eng Vielfalt vu Bestëbserinsekten, andeems se Nektar- a Pollequellen oder Brutplaz sinn, a Blieder fir d’Raupen ubidden. Dofir ass et wichteg de Soin vun dëse Plazen richteg ze maachen.

Méint d’Gras manner oft

action 3
bb_insect_hotel.png

Vermeit et fir Insekten déi nisten oder iwwerwanteren ze stéieren oder futti ze maachen, z. B. am Gras, op oppene Sandflächen, an Hecken, Beem, doudegem Holz oder Maueren. 

 

Et muss net just sécher gestallt ginn, datt dat ganzt Joer iwwer genuch Fudder fir d’Bestëbserinsekten do ass, mee och datt si a Sécherheet kënne nisten - a fir datt déi nächst Generatioun de Wanter iwwerlieft, fir d’Fréijoer drop kënne nei ze starten.

Stéiert d’Insekten net an hirem Nascht oder hirer Iwwerwanterungsplaz 

action 4
action 5

Am Private sollt Dir chemesch Pestiziden komplett ewech loossen. Et gi biologesch Alternativen déi net gëfteg fir d‘Bestëbserinsekte sinn. An der grousser Majoritéit vu Fäll gëtt am Privaten just en optesche Problem bekämpft, an hei musse mir e wéineg Toleranz üben, wa mir d'Insekte net wëllen ëmbréngen.

 

Am beruffleche Beräich sollt Dir iwwerleeën, wéi eng Methoden fir Är Situatioun gëeegent sinn an nëmmen Pestiziden benotzen wann et absolut néideg ass. Setzt den Accent op den Integréierte Planzeschutz, a kuckt ob et méiglech wär op d'Biolandwirtschaft ze wiesselen.

Vergëft d'Natur net

Partner a Projeten

Partenaires

Dëst Joer wäert de Fokus erëm op de Projeten vun de Partner-Organisatiounen leien. Dës Projeten ginn iwwert den Ëmweltschutzfong vum MECB gefërdert. Et handelt sec hem Projeten déi am Kader vun den 2022 an 2023 initiéierten Ausschreiwungen „Bestëbser“ agereecht goufen, sou wéi dem Groussprojet an eisen Naturparken.

04partenaires-08.png
Calendrier

Kalenner

Donneschdeg, 24. Abrëll, vun 18.30 - 20.00 Auer

Open Meeting – Harespel 

Independent Café, 6, boulevard Roosevelt, Lëtzebuerg

Freideg, 25. Abrëll, vu 17.00 bis 19.00 Auer

Eis lieweg Matbewunner am Gaart

Am Gemeinschaftsgaart zu Rued-Sir, Op der Haard, Rued-Sir

Samschdeg, 26. Abrëll, ab 09.00 Auer

Aféierung an d’Harespelberodung

Haus vun der Natur, 5, route de Luxembourg, Kockelscheier

Sonndeg, 27. Abrëll, vun 10.00 bis 12.00 Auer

Insekte-Léierpad

Helzer Klaus, An d'Klaus, Helzingen

Dënschdeg, 29. Abrëll, vu 14.30 bis 17.00 Auer

Vullen- an Insektendränken aus Leem

Stolzemburg, 14 rue Principale, Stolzemburg

Samschdeg, 10. Mee, 09.30 – 12.00 Auer

Love is in the air

Rue Collart, Steinfort

Dënschdeg, 13. Mee, vu 17.30 bis 19.30

Invasiv Neophyten am Gaart an d’Fërderung vun de Bestëbser – Erausfuerderungen a Léisungen 

LUGA Lab, Parc Odendahl

Mëttwoch, 14. Mee, vu 17.00 bis 20.00 

Bestëbser am Wäibierg – am Kader vum NATURA 2000 Dag

Grevenmacher

Dënschden den 20. Mee, 14.00 - 17.00 Auer

Workshop: Bau vun engem Insektenhotel

CoLab Makerspace, 10 Campingstrooss, Wiltz

Dënschdeg, 20. Mee, 15.00 - 17.00 Auer

Insektesafari fir Familljen

CNF A Wiewesch, 12 Syrdallstrooss, Manternach

Mëttwoch, 21. Mee 2025, 17h30 

Beien an Ëmwelt
Nohalteg Imkerei: Eng Broschür fir d’Opstelle vu Beiestäck 

LUGA Lab, Parc Odendahl

Donneschdeg, 22. Mee, vu 14.30 bis 17.00 Auer

Bestëbser-Olympiad

Centre écologique, 12 Parc Hosingen

Samschdeg, 24. Mee, 09.30 – 12.00 Auer

Love is in the air

Rue Collart, Steinfort                            

Freideg, 30. Mee, 14.00 – 16.00

Bestëbser, déi fir d’Liewensmëttelproduktioun essentiel sinn

Vallée de la Pétrusse - Jardin communautaire
de la Pétrusse

Vendredi, 30 mai 14h00 - 16h00

Protection des plantes

Vallée de la Pétrusse - Jardin communautaire de la Pétrusse

Dimanche 1er juin, 09h00 – 12h00

Le monde fascinant des abeilles –
pour les familles

CNF A Wiewesch, 12 Syrdallstrooss, Manternach

Freideg, 30. Mee, 14.00 – 16.00

Planzeschutz

Vallée de la Pétrusse - Jardin communautaire de la Pétrusse

Sonndeg den 1. Juni, vun 09.00 bis 12.00 Auer

Déi faszinéierend Welt vun de Beien – fir Familljen

CNF A Wiewesch, 12 Syrdallstrooss, Manternach

Dënschdeg, 03. Juni 2025 | 17.30 

Ëmgang mat invasiven Neophyten am Gaart a Fërderung vun de Bestëbser  

LUGA Lab, Parc Odendahl

Donneschdeg, 5. Juni, vu 14.00 bis 16.00 Auer

Méi wéi Beien, zielt mat! – Goes Luga

CoLab Makerspace, 10 Campingstrooss, Wiltz

Samschdeg, 7. Juni, vu 14.00 bis 16.00 Auer

Päiperleken, Beien a Co – Wien bestëbst eis Planzen?

Haangebierg, Knupp, Machtum

Donneschdeg, 12. Juni, vun 14.00 bis 16.00 Auer

Bau vun enger klenger Wëllbeien-Nëschthëllef fir Balcon a Gaart

Science Hub, LUGA Luxembourg

Samschdeg, 14. Juni, vun 11.00 bis 13.00 Auer a vun 13.00 bis 16.00 Auer

Insekten a Spannen

CNF Mirador, 1 rue Collart, Steinfort

Donneschdeg, 19. Juni, 17.30 - 19.00 Auer

Gäert fir Bestëbser

Science Hub, vallée de la Pétrusse, LUGA, Luxembourg

Freideg, 27. Juni, 09.00 – Sonndeg den 29. Juni

Päiperlekbestëmmungscours

Samschdeg, 28. Juni, 10.00 - 12.00 Auer

Insektesafari fir Familljen 

CNF A Wiewesch, 12, Syrdallstrooss, Manternach

Sonndeg, 29. Juni, 14.00 - 16.30 Auer

Beien an Imkerei

rue de Hédange, Schifflange

Samschdeg, 5. Juli, vun 11.00 bis 13.00 Auer a vun 13.00 bis 16.00 Auer

Insekten a Spannen

CNF Mirador, 1, rue Collart, Steinfort

Samschdeg, 12. Juli, 09.30 Auer

Päiperleken: Eng faarweg Villfalt

Bissen

Logo_PlanPollinisateurs_web.png.webp

Fir méi Informatiounen iwwert de „Bestëbser Plang“

besicht de Site

bottom of page